Intressant, aussergewéinlech an iergendwéi "hot". Esou sinn d'Invitéeën am Eldo-Casual.
All Freideg intresséiert d'News-Redaktioun sech fir eng Perséinlechkeet, freet no a këddelt den Invité och alt e bëssen. ("Net schwéier, mee séier" - Kuckt a lauschtert den Eldo-Casual.)


Anne Simon: "Verglach mam Paris Hilton ass net ganz falsch"

07.03.2013, 16:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 13:51

D'Anne Simon ass jonk, mä schonn eng Gréisst an der Lëtzebuerger Theaterscène. Am Eldo Casual erzielt d'Regisseurin vu ville Kleeder an engem Filmprojet.

D'Anne Simon huet zu London studéiert ass awer méi begeeschtert vu Berlin - a Lëtzebuerg. Déi jonk Regisseurin ass bekannt fir en extravagante Stil op der Bühn an och bei sech selwer. Net fir näischt stoung am Lëtzebuerger Land, dass d'Anne Simon eppes vum Paris Hilton huet - eppes wat eis Invitée am Eldo Casual net ganz ofstreit.

D'Anne Simon erzielt awer och vun engem neien Filmprojet a präziséiert, dass Duerftheater wichteg ass.


Lauschtert hei den Eldo Casual "Net schwéier, mä séier"
Loading audio...



Lauschtert hei den Eldo Casual "Mol kuerz nogefrot"
Loading audio...