Monarchie, Mäerchenhochzäit an e Prënz am Supermarché!
11.11.2011, 16:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.11.2011, 17:07
De Prënz Guillaume op Besuch am Eldoradio Studio!

D’Stäerkt vum Lëtzebuerger Land wär seng politesch an economesch Stabilitéit. Dat sot den Ierfgroussherzog Guillaume am exklusiven Gebuertsdagsinterview mat Eldoradio. D’Entreprisen hätten en aussergewéinlech kuerzen Wee zu den Decideuren hei am Land an et géif een eng perséinlech Relatioun mat den Firmen hunn.
Lauschtert hei de ganzen Interview mat de Froen vun der Eldo-Redaktioun:
An zu dësen besonneschen Dag war den Ierfgroussherzog haut am Nomëtten och fir d’Spezielsendung „Eldoradio-Prënzeparty“ an onsem Studio fir ganz perséinlech Froen vun den Eldoradio-Nolauschterer ze beäntweren.
D'Eldoradio Prënzeparty!
Den Ierfgroussherzog Guillaume hat sech fir säin 30sten Gebuertsdag dann och eng Sendung op Eldoradio gewënscht, an dee Wonsch hu mir him erfëllt. Dofir war hien op sengem groussen Dag eng Stonn laang am Eldoradio Studio op Besuch. Eng Stonn laang huet hien déi Froen beäntwert déi d'Nolauschterer erageschéckt hunn. Moderéiert gouf d'Sendung vum Wencke Fiedler an dem Eldoradio Star-Reporter Oliver Tanson.
Lauschtert hei nach emol d'Prënzeparty mam Ierfgroussherzog Guillaume:
Deel 1:
You need Flash to view this content
Deel 2:
You need Flash to view this content
Deel 3:
You need Flash to view this content
Wéi hun d'Wencke an den Oliver de Prënz erlieft?
Wencke:
You need Flash to view this content
Oliver:
You need Flash to view this content
Fir dem Ierfgroussherzog ze gratuléieren huet d'Eldoradio-Crew him och nach e Kuch offréiert. Op deem Kuch war eng Gittar drop, en Instrument wat de Prënz a senger Fräizäit spillt.
LINK: kuckt hei alleguer d'Fotoen vun der Eldoradio Prënzeparty







