Roaming: Präisser ginn däitlech erof
10.05.2012, 13:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.05.2012, 11:01
D'Roaming-Fraisen beim Telefonéieren an SMSe verschécke gi vum 1. Juli un däitlech erof. D'Europaparlament huet heifir elo gréng Luucht ginn.

D’Europaparlament huet de Mueren definitiv de Wee fräigemaach fir méi niddereg Roaming-Fraisen. Vum Juli un dierf een Appel an d’EU-Ausland just nach maximal 29 cts/min kaschten. Ween am Ausland ugeruff gëtt, bezilt just nach maximal 8 cts. Och de Präis fir SMSen gëtt limitéiert, an zwar op 9 cts. Bis de Summer 2014 sollen d’Präisser nach weider erofgoen. Eng nei Uewergrenz gëllt och fir den Dataroaming. 70 cent plus TVA dierf 1 Megabyte an Zukunft maximal kaschten.




