USA: Zaldoten respektlos géintiwwer Doudegen an Afghanistan

18.04.2012, 19:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.04.2012, 19:27

Schonn nees goufen Foten public, wou US Zaldoten sech ganz respektlos géintiwwer Doudegen am Afghanistan Krich verhalen.

© afp

Déi Amerikanesch Arméi steet op en Neits virun engem groussen Skandal. Déi renoméiert Zeitung Los Angeles Times huet haut Fotoe publizéiert, wou een Gesäit, wéi US Zaldoten sech ganz stolz bei enger Läich weisen an poséieren.

De Virfall geet zeréck op d’Joer 2010 an soll sech am Afganistan ofgespillt hunn. U sech sollten d’Zaldoten do d’Iwwerrechter vun engem Terrorist identifizéieren, dee sech an d’Luucht gesprengt hat. Amplaz goufen awer Souvenirsphotoen gemaach, wou zum Beispill de mëttelsten Fanger vun enger Läich an d’Luucht gehale gouf.