Police: Geklauten Auto dank Facebook erëmfonnt

09.05.2012, 12:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.05.2012, 12:32

Wéi d'Police matdeelt gouf dank hirer Facebooksäit ee geklauten Auto hannert der belscher Grenz, déi aner Säit vu Stengefort erëmfonnt ginn.

Wéi d’Police matdeelt konnt elo dank Facebook ee geklauten Auto erëmfonnt ginn. Zwee Schüler haten sech um Policebureau zu Stengefort presentéiert a gesot si hätten een Auto begéint, deen d’Police op hirer Facebooksäit als geklaut gemellt hätt. Déi belsch Police huet den Auto dunn déi aner Säit vun der Grenz erëmfonnt.