Perl-Borg: Jonken Automobilist stierft bei Accident

16.06.2012, 16:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.06.2012, 23:14

Um fréie Samschdegfueren ass op der Saarautobunn kuerz virun der Lëtzebuergescher Grenz een 21 jonken Automobilist bei engem Accident ëm d'Liewe komm.

Bei engem uerge Verkéiersaccident op der Saarautobunn kuerz virun der Lëtzebuerger Grenz ass de Muere fréi een 21 Joer jonke Mann ëm d’Liewe komm. Den Automobilist war op der Héicht vun der Opfahrt Perl-Borg an d’Leitplanke gerannt a war doropshi vun der Strooss ofkomm. Obwuel de jonke Mann ugeschnallt war, gouf hien aus dem Auto erausgeschleidert. Fir hie koum all Hëllef ze spéit.