EM/Grupp A: Tschechesch Republik a Griichenland si virun
16.06.2012, 22:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.06.2012, 09:54
EM: Griichenland an déi Tschechesch Republik stinn an der Véirelsfinale, fir Polen a Russland ass den Tournoi eriwwer.

D´Polen hate gutt ugefaang, ma si konnten hir gutt Chancen an der Ufanksphase net notzen. No knapp enger halwer Stonn sinn dunn d´Tschechen besser an de Match komm. Zu Golchance sinn si zwar net komm, ma si hunn och näischt méi zougelooss.
An der 2. Halbzeit ass Polen net richteg an de Match komm. Et waren dann och d´Tschechen déi no 71 Minutten duerch ee Gol vum Jiracek a Féierung gaangen sinn. Bei deem Resultat ass et bis zum Schluss dann och bliwwen.
Grouss Iwwerraschung: Russland ass eraus
Iwwerraschenden Out dann och fir Russland. D´Russen, déi no der Leeschtung am éischte Match sou eppes wéi ee Geheimfavorit waren, hu géint Griichenland verluer.

D´Russen hunn dominéiert, bruecht huet hinnen dat awer näischt. An der Nospillzäit vun der 1. Halbzeit war et nämlech de Karagounis, dee fir den Europameeschter vun 2004 markéiere konnt.
No der Paus sollt sech un deem Spillstand näischt méi änneren.
Polneschen Trainer trëtt zeréck
De polnesche Nationaltrainer Franciszek Smuda huet no der Eliminatioun vu senger Equipe säi Récktrëtt ugekënnegt. Dem Smuda säi Kontrakt leeft souwisou aus a gëtt dann och elo och net verlängert.




