Reiland: Spektakulären Accident mat 2 Schwéierblesséierten

17.06.2012, 07:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.06.2012, 23:14

Spektakulären Accident tëschen Reiland an dem Blummendall: Een Auto war 15 Meter déif erofgefall, 2 Leit goufe méi uerg verwonnt.

© Fotoen: CI Larochette

Spektakulär war een Accident tëschen Reiland an dem Blummendall kuerz no Mëtternuecht. Een Automobilist hat an enger Kéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an hat doropshin d’Leitplanken duerchbrach. Den Auto ass 15 Meter méi déif op enger anerer Strooss un d’Hale komm. 2 Persoune goufe bei dësem Accident méi uerg verwonnt. 

Da mellt den 112 awer och nach 3 weider Accidenter aus de leschte Stonnen.

Zu Pretten waren een Auto an ee Moto net laanschtenee komm, eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Tëschen Houschent an Housen war een Auto op d'Kopp gaang, och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Op der A13 a Richtung Péiteng war dann nach kuerz hannert dem Tunnel Aessen ee Gefier an d'Leitplanke gerannt, och hei gouf et ee Blesséierten.