Frankräich: Absolut Majoritéit fir d´Gauche

18.06.2012, 05:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.06.2012, 06:59

Bei de Parlamentswahlen am Frankräich deit alles op eng absolut Majoritéit fir d´Gauche hin.

© AFP

Och bei eise franséische Noperen gouf gëschter gewielt an do kann den neie President François Hollande an Zukunft op eng absolut Majoritéit an der Assemblée Nationale zielen. D’Sozialisten an hir enksten Alliéiert kommen op 314 vun am ganze 577 Sëtz am Parlament. D’UMP vum fréiere President Nicolas Sarkozy fält vun iwwer 300 op just nach 229 Sëtz. De rietsextreme Front National huet et mat 2 Deputéierten an d’Parlament gepackt.