Bleialf: 2 Doudeger bei schroem Verkéiersaccident

21.06.2012, 05:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 07:24

2 Doudeger an 1 Schwéierblesséierten - dat ass de Bilan vun engem ganz uerge Verkéiersaccident zu Bleialf hei fir an der Äifel.

© Agentur Siko

2 Leit hu gëschter ee schrot Verkéiersaccident bei Bleialf hei fir an der Äifel net iwwerlieft. Ee Gefier war an de Géigeverkéier geroden an hat do een aneren Auto ze pake krut. Fir déi jonk Koppel aus dem 1. Gefier koum all Hëllef ze spéit, de Chauffer vum 2. Auto gouf uerg verwonnt.