Meteo : Vill Reen an Wand den Owend
21.06.2012, 11:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 11:12
Fir eis Géigend hunn d'Meteo-Déngschter fir den Owend eng Donnerwieder-Warnung erausginn.

De Meteo-Déngscht an der Belsch huet fir de Nomëtteg an den Owend d‘ Wieder-Warnung giel declenchéiert, dat ass die 3-héchsten Geforen-Stuuf.
Deemno wär plazeweis mat ganz zolitten Donnerwiederen ze rechnen, woubäi och massiv Reen kann falen. Derbäi kënnt och vill Wand, plazeweis bis zu 100 Stonnekilometer.
Och fir Lëtzebuerg an de Norden vun Frankräich ass deels fatzegen Reen den Owend virausgesot.




