Taxi-Federatioun : 'De Präis ass adequat'
21.06.2012, 13:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 14:01
D' Taxi-Federatioun reagéiert op d' Polemik ronderëm de 'héijen' Präis vun den Taxien hei am Land. Vill Facteuren giffen awer zu deem Präis bäidroen.

D’Taxi-Federatioun mellt sech um Donneschdeg an engem Communiqué zu Wuert, fir Kloerheet am Taxi-Sträit an der Stad ze schafen.
Dobäi verdeedegt d' Federatioun ënnert aanerem d'Präis-Politik, zu där een méi oder wéineger gezwongen wier, duerch héich Fix-Käschten wéi Steieren, Assurancen oder d‘ Lounkäschten.
De Kollektivvertrag am Secteur giff jo de Mindestloun fir all Taxichauffer virschreiwen. Trotzdem wier et hei am Land net wéi am Ausland, dass d‘ Employéen net sozial ofgeséchert wieren.
De Ruff no méi bëllegen Präisser ass deemno nët ze realiséieren, ouni d‘ Acquisen vun den Taxi-Chauffeuren an Gefor ze bréngen.




