Schleck Bridder: Awer geschwënn fort?
26.06.2012, 14:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.06.2012, 16:06
Et ginn nees Rumeuren iwwert en méiglechen Depart vun de Schleck Bridder an den Jan Ullrich gesäit de Frank Schleck mat virbäi.

Den Depart vum Tour de France kënnt ëmmer méi no an domat gëtt och nees méi iwwert d’Cyclisten geschwat an geschriwwen.
Um Internetsite vun der belscher Chaîne RTBF ass haut ze liesen, dass den Andy a Frank Schleck konkret op der Sich no enger neier Equipe sinn. Dat léich manner dorunner, dass si sech net an der Equipe géifen wuel spieren, mä virun allem Problemer hätten mam Teamchef Johann Bruyneel.
Dësen wéilt onbedengt déi zwee Bridder vuneneen trennen fir Succès ze hunn – domadder kéinten déi Munnerefer awer nëmmen schwéier liewen.
Den Affekot vun de Schleck Bridder, den Albert Wildgen wier op der Sich no neie Sponsoren. Hien wier ennert anerem Däitschland an dem Qatar ënnerwee gewiescht. Dat schreift och Het Laatste Nieuws.
Den Jan Ullirich iwwerdeems gesäit de Frank Schleck an den Andreas Klöden duerchaus als Favoritten fir de Podium vum Tour dëst Joer. Den doping-bleaaschte fréieren däitschen Coureur mengt am Interview mat Eurosport, das RadioShack-Nissan-Trek mat deenen zwee Leit och direkt zwee Kapitänen huet. No der éischter Biergetapp géif sech weisen wien d’Heft muss an d’Hand huelen.




