EU: Nei Roaming-Tariffer trieden a Kraaft
01.07.2012, 11:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 17:57
Telefonéieren am Ausland gëtt vun haut u méi bëlleg - déi nei Roamingtariffer trieden a Kraaft.

Déi méi bëlleg Roaming-Tariffer trieden haut a Kraaft.
Appeller aus dem Ausland dierfen vun haut u just nach maximal 35 cents d’Minutt kaschten. Fir Uriff déi een entgéint hëlt an SMSen déi een aus der Vakanz verschéckt dierf den Operateur just nach maximal 13cts froen.
Och d’Surfen am Internet gëtt méi bëlleg. Hei gëllt ee Maximalpräiss vun 83 cents pro Megabyte.
Geet et der EU no da sollen d’Präisser an den nächsten 2 Joer awer nach weider zeréckgoen




