Bus-Accident Thailand: 2 lëtz. Touristen u Bord
03.07.2012, 13:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 17:57
An Thailand gouf et de Muere fréi Lokalzäit e Busaccident mat 10 Doudeger. Der Noriichtenagence AFP no waren zwee Lëtzebuerger u Bord.

Wéi Eldoradio vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Bangkok confirméiert krut, handelt et sech ëm eng jonk Koppel, allebéid em déi 20 Joer al. De Mann huet en portugisesche Pass, ass awer zu Lëtzebuerg gebuer a gouf méi schro blesséiert, ewéi seng Frëndin.
Der Fra hier Mamm ass och an Thailand an elo schonn bei hirer Duechter. D'Elteren vum jonke Mann sinn a permanentem Kontakt mat der Ambassade.
De Bus war an eng Verkéiersinsel geknuppt an dunn an e Stroummast, deen ëmgefall ass. 17 Leit goufen zum Deel uerg verwonnt.




