Jet-Ski Verbuet: Waasserschifederatioun ass derfir

04.07.2012, 16:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 17:45

De Nohaltegkeetsministère plangt e Verbuet vun Jet-Ski op der Musel. D'Waasserschifederatioun begréisst dat - net zu läscht aus Sécherheetsgrënn

© ONT
Déi Lëtzebuerger Waasserschifederatioun steet hannert dem Nohaltegkeetsminister wat en Jet-Ski Verbuet un der Musel betrëfft. Dat seet hiren Präsident, Marc Hilbert am Eldoradio Interview. Waasserschi an Jet-Ski wieren zwou ganz verschidden Saachen an et hätt och schonn geféierlech Situatiounen ginn.

Net zuläscht profitéieren d’Jet-Ski Piloten gäer vun de Wellen, déi Booter vum Waasserschi maachen, esou ginn Accidenter bal provozéiert.

Bei der Waasserschifederatioun fäert een net, dass elo och hire Sport kéint verbuden ginn. Dat well et wesentlech manner Kaméidi mécht a speziell Zonen op der Musel definéiert sinn.

Lauschtert hei de Reportage :

You need Flash to view this content