Tréier: Jonke Lëtzebuerger provozéiert schrot Accident

08.07.2012, 11:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 18:00

5 Schwéierblesséierter - dat ass de Bilan vun engem Accident bei Tréier. Schold um Accident ass ee 26 Joer ale Lëtzebuerger, deen ze vill gedronk hat.

Ganz uerg war een Accident op der B51 bei Tréier. Op Héicht vun Autobunnsopfaart a Richtung Lëtzebuerg haten sech 2 Ween ze pake kritt.

Ee 26 Joer jonke Lëtzebuerger, deen ze vill gedronk hat, hat wéi et schéint een Auto, deen aus Richtung Bitburg koum, net gesinn, doropshi kruten  sech déi 2 Autoen ze paken.

5 Leit goufe beim Accident schwéier blesséiert, eng 23 Joer jonk Fra schwieft nach ëmmer a Liewensgefor. Dem schëllege Chauffer ass näischt geschitt, hie krut säi Führerschäin ofgeholl.