Rockhal: Bezillt ee säin Ticket duebel?

09.07.2012, 07:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 18:01

Ass et gerecht dass d' Rockhal deier Entrée-Ticketen freet, obschonns et en Etablissement Public ass?! De Guy Hebeler seet op allen Fall ganz kloer: Nee!

D’Rockhal an d’Art a Weis wéi se funktionéiert ass verschiddene Leit en Dar am Aa. Zanter 2005 gëtt et d’Rockhal elo. De Guy Hebeler, dee selwer vill Concerten hei am Land organiséiert, huet gëschter kritiséiert dass d’Rockhal als établissement public et vill méi einfach hätt wéi privat Organisateuren.

Wann hien als privaten Organisateur ee finanziellen Enkpass hätt da géif hien eng Faillite riskéieren. D'Rockhal dogéint géif einfach zousätzlech Moyenen beim zoustännege Ministère ufroen. All déi Reprochen hunn ënnert anerem de Guy Hebeler , oder och de Rom Bernard um Sonndeg den Owend an der RTL-Telé-Emissioun 'Kloertext' op d' Tapéit bruet.

Mat der Plainte, déi "69 SA" am September 2011 schonn eragereecht hat, wëll een arreechen, dass jiddereen, deen e Concert organiséiert, déi selwecht Rechter an Moyen'en huet, dat sot eis de Guy Hebeler haut um Méindeg am Eldoradio-Interview :

You need Flash to view this content

Dofir huet de Guy Hebeler dann och elo eng Plainte wéinst concurrence déloyale beim Conseil de la Concurrence gemaach, an eben net virun Geriicht.

D' Leit missten sech bewosst sinn, dass si bei engem Concert deen vun der Rockhal selwer organiséiert gëtt, duebel bezuelen, als Steierzueler, an eng zweete Kéier fir den Ticket :

You need Flash to view this content

 

Lauschtert hei de kompletten Reportage nom Eldoradio-Interview mam Guy Hebeler :

You need Flash to view this content

 

Lauschtert hei nach eemol de Reportage aus der Morningshow XL vum Méindegmueren:

You need Flash to view this content

 

Kuckt hei nach eng Kéier déi ganz RTL-Emissioun KLOERTEXT vun e Sonndeg den Owend:




LINK: de ganzen Dossier vum Kloertext op rtl.lu