Taxi: Eco-Label an der Stad ass décidéiert

10.07.2012, 05:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 05:25

De Stater Gemengerot huet gréng Luucht ginn fir en Eco-Label fir Taxien an der Stad. De Präis soll 20% ënnert deem aktuellen leien.

Den Eco Label fir d’Taxien an der Stad kënnt. De Vote am Gemengerot um Knuedler war unanime.

Déi läscht Detailer bleiwen nach ze klären, mä allgemeng solle Taxi'en, déi esou e Label kréien och méi niddereg am Präis sinn. Esou dierft en Trajet um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg net iwwer 20 Euro leien. Zousätzlech Käschten kéinten awer zum Beispill fir vill Bagage ufalen. Am allgemengen soll de Präis zirka 20 Prozent méi niddereg sinn, ewéi deen aktuell üblechen Tarif.

Esou wuel d'Vertrieder vun der Majoritéit, wéi awer och, déi vun der Oppositioun hunn d'Initiative vum Buergermeeschter Xavier Bettel gëschter begréisst. Virun allem als Bäitrag géint d'Loftverknaschtung an der Stad, soll et en Zeeche sinn, dass méi ecologesch Autoen als Taxi agesat ginn. Bedenken haten Eenzelner, wat d'Auswierkungen op d'Chauffeuren betrëfft. Wann de Präis vum Trajet erof geet, dierft dat net heesche, dass d'Chauffeuren exploitéiert ginn.