Webtaxi: 2,5 Euro pro Kilometer an ecolgesch

10.07.2012, 08:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 12:24

Et gëtt e neit Konzept fir Taxien. Zwou Entreprisen hu sech zesummen gedoen an offréieren en Eco-Taxi mat enger transparenter Präistabell.

© Eldoradio/Joel Detaille

Vun nächste Méindeg un gëtt et offiziell eng nei Entreprise um Lëtzebuerger Taxismarché, déi sech eppes virgeholl huet. Voyages Emile Weber a Benelux Taxis  hu sech zesummegedoen an e "Webtaxi" krééiert. De Präis gëtt dobäi op Basis vum kierzt-méiglechste Wee berechent!

© Eldoradio/Joel Detaille

2,5 Euro Basistarif plus 2,5 Euro  pro Kilometer. Stau oder vill rout Luuchten ginn net als Supplément verrechent. De Client weess also am Viraus, wat et wäert kaschten. Schwéierpunkt ass d’Stad Lëtzebuerg, mä  et wëllt een och landeswäit aktiv sinn! Et handelt sech dann exklusiv em  Hybridgefier a sollen den neien Ecolabel vun der Stad Lëtzebuerg kréien.

De Präis wier bis zu 30 Prozent ënnert deem aktuell üblechen Tarif, huet et haut op enger Pressekonferenz geheescht.

© Eldoradio/Joel Detaille