Hollywood: De Bouf vum Sylvester Stallone ass dout

14.07.2012, 07:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.07.2012, 11:39

De Bouf vum Hollywood-Schauspiller Sylvester Stallone ass dout. Hien gouf gëschter a sengem Haus zu Hollywood opfonnt.

De Sage Stallone (lénks), hei nieft sengem Monni, gouf nëmmen 36 Joer al.© AFP
Dat hunn amerikanesch Medien gemellt. De 36-jähregen Sage Moonblood Stallone soll a leschter Zäit un e puer Projeten geschafft hunn. Hien wier do awer ëmmer a gudder Verfassung gewiescht. D’Doudesursaach ass deemno komplett onkloer. Laut dem Internet-Magazine TMZ wier et awer eng Iwwerdosis gewiescht.