Paräis: Doudegen Bébé a Fliger-Toilette fonnt

16.07.2012, 11:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 11:08

Wéi elo bekannt gouf gouf de Weekend um Paräiser Fluchhafen Roissy Charles-de-Gaulle en doudegen Bébé an engem Fliger fonnt.

© AFP
D’Maschinn vun der Air France war en Sonndeg de Moien vun der Côte d’Ivoire komm. De Bébé gouf bei de Botzaarbechten an enger Toilette fonnt.