Belsch: Protest géint Klouschter, dee Michelle Martin ophëlt

01.08.2012, 16:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.08.2012, 16:11

De Klouschter vun Malonne ass bereet d'Ex-Fra vum M. Dutroux bei sech opzehuelen - elo gëtt et Protest am Duerf.

© avenir.net

Zu Malonne an der Belsch wiisst de Protest géint de Klouschter, deen zougestëmmt huet fir d’Michelle Martin bei sech opzehuelen. An der Tëscht sinn d’Maueren vun där Abtei mat Graffiti besprayt ginn – NON steet elo zegmol op der Façade vum Klouschter.   An där klenger Stad bei Namur war gëschter Owend och eng roueg Manif an de Moien ass en Sécherheetsperimeter vun der Police ronderëm de Klouschter ageriicht ginn. Dat och net zulescht, well an der Tëscht vill Fotografen a soss Leit vuerwertzen kommen.

Gëschter war bekannt ginn, dass d’Michelle Martine no 16 Joer Prisong fräi kënnt. Si ass als Complice vum Marc Dutroux  verurteeelt ginn, dee 6 Meedercher entfouert a mëssbraucht - an 3 Kanner och embruecht huet.