Euro Millions: Rekordjackpot gouf geknackt

11.08.2012, 07:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.08.2012, 15:42

190 Milliounen Euro huet eng Persoun aus Groussbritannien elo gewonnen.

De Rekordjackpot bei Euro Millions gouf geknackt. Eng Persoun a Groussbritannien hat déi 7 richteg Zuelen ugekräizt a dierf sech iwwert 190 Milliounen Euro freeën.

Bis ewell loung de Rekord jo bei 185 Milliounen Euro, och dës Zomm war a Groussbritannien gaang.