Fouer: Rëm gratis-Busser op den Glacis
20.08.2012, 12:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.08.2012, 12:17
Wann en Donneschden d’Schueberfouer um Glacis rëm ufänkt fänkt et hei och rëm un enk mat den Parkplazen ze ginn. Dofier soll een op den Bus emklammen.

Den Verkéiers-Verbond erënnert dofir nach eemol drun dass een eng Rei Spezial-Servicer vum ëffentlechen Transport grad fir d’Fouer ubitt. Sou kann een vun der Gare oder dem Zentrum owes no 6 an Weekends no eng Mëttes rëm gratis mam Bus op d’Fouer fueren. Do dernieft ginn Nuets nach méi Lignen ugebueden.
An wei all Joers funktionéieren natierlech och rëm gratis Park and Ride Systemer an verschidden Gemengen bidden Speziell Fouer-Bussen un.
LINK: All d'Infos zum Transport




