China: Bilan vun Äerdbiewen op iwwer 60 Doudeger geklomm

07.09.2012, 11:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2012, 17:42

An engem duebelen Äerdbiewen a Südwest-China sinn iwwer 60 Leit gestuerwen an Honnertdausende Leit hu keen Daach méi iwwert dem Kapp.

© AFP

D’Äerdbiewen haten eng Stäerkt vu 5,7 respektiv 5,6. Eng 20.000 Haiser goufen zerstéiert an Honnertdausende Leit hunn hiert Iwwerdaach verluer. Et wor an de Provënze Yunnan a Guizhou – genee do, wou  2008 bal 90.000 Leit do an engem Äerdbiewen ëm d’Liewe komm woren.Dausende Leit sinn a Panik aus hiren Haiser gelaf. Vill vun hinne refuséieren zeréck ze goen aus Angscht viru Nobiewen

© AFP