Houschent: Bal ofgesot no ville Facebook Umeldungen

07.09.2012, 12:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2012, 19:16

Den After Summer Bal, eng privat Party zu Houschent am Centre 2000, gouf ofgesot no Conseile vun der Police wéint ze ville Facebook Umeldungen

© Archiv

Wann een Reklamm fir eng Party op Facebook mécht kann et sinn, dass ze vill Leit kommen. Genee dat ass zu Houschent geschitt, mam After Summer Bal, deen um Freiden Owend am Centre 2000 zu Houschent sollt sinn.

Op der Facebook Säit fir dee Bal haten 200 Leit zougesot, a 450 hate gesot, si géife vläicht kommen. D’Police wousst Bescheed iwwert de Bal well eng fräi Nuecht accordéiert gi wor. D’Police huet dunn awer de Leit, déi d’Fest organiséiert haten, geroden, et net ze man. De Sall wier ze kléng. Dee selwechte Conseil  gouf d’Police och der Gemeng. Zesumme goufe dunn decidéiert, den After Summer Bal am Centre 2000 ofzesoen.