Schmit: Anti-Mobbing Gesetz soll kommen

25.09.2012, 17:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.09.2012, 17:12

Den Aarbechtsminister huet haut versprach, dass e Gesetz kënnt, wat Salariéen virum harcèlement moral op der Aarbecht schützen soll.

© afp

Et soll definitiv e Gesetz kommen, wat Salariéen viru Mobbing op der Aarbecht schützt. Dat huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit de Moien versprach. Anescht, wéi an der Fonction Publique, gëtt et fir de Privatsecteur nämlech den Ament nach kee Gesetz géint den harcèlement moral.

Eng Gesetzespropositioun vum LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux an dem Sënn läit zanter 10 Joer am Tirang. De Nicolas Schmit huet haut gesot, et géif een sech un der belscher an der franséischer Legislatioun inspiréieren.