Belsch Grenz: Keng Demo um Freideg
07.03.2013, 17:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 09:49
Op der Belscher Grenz op der A6 sollt haut mat Problemer am Trafic ze rechnen gewiescht sinn wéi enger Gewerkschaftsdemo. D'Manif gouf awer ofgesot.

Hannergrond ass e Protest géint den Ofbau vun Aarbechtsplazen bei ArcelorMittal. 1.300 Leit sollen zu Léck hier Schaff verléieren. Mataarbechter vun ArcelorMittal zu Léck haten eng Streik-Aktioun op der belscher Grenz geplangt.
D’Police hat gëschter matgedeelt, dass ënnert Ëmstänn Deviatioune mussen gezeechent ginn. Mee haut konfirméiert d'Police: Déi Demo gouf ofgesot, well d'Lëtzebuerger an déi Franséisch Gewerkschaften net matmaache.




