CFL: Läich an Waggon fonnt
08.03.2013, 05:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 05:17
En Dënschdeg gouf eng männlech Läich an engem Waggon vun den CFL fonnt. E verbriechen konnt vun der Police ausgeschloss ginn.

Wéi d‘ CFL gëschter matgedeelt hunn ass en Dënschdeg schonn eng männlech Läich an engem Waggon op engem Rangéier-Gleis an der Stad fonnt ginn.
D‘ Persoun wier ënnert natierlechen Ëmstänn ëmkomm, e Gewaltverbriechen kéint ausgeschloss ginn. D' Police geet dervun aus dass d' Persoun 2 bis 3 Deeg dout do loung.
Wéi de Mann awer an de Waggon konnt kommen an wat en do wollt ass net gewosst.




