'Maybritt Illner': J. Asselborn verdeedegt den Euro

08.03.2013, 05:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 07:44

De Jean Asselborn war um Donneschdeg Invitée an der ZDF-Talkshow 'Maybrit Illner' an huet sech dobäi voll a ganz fir d'Erhalen vum Euro agesat.

© Screenshot ZDF Mediathek

Den Ausseminister Jean Asselborn war um Donneschdegowend  zesummen mam Oscar Lafontaine, an dem Rainer Brüderle, an weideren 3 Invitéen, zu Gaascht an der Talk-Show vum Maybrit Illner um ZDF.

Thema do waren d‘ Wahlen an Italien an d‘ Konsequenzen dovunner op den Euro.

De Jean Asselborn huet dobäi ganz däitlech eng Lanz fir den Euro gebrach, an huet gemengt dass et fatal fir Europa wier, wann een den Euro giff ofschafen. Dat hätt Konsequenzen op den Ex- an Import an der EU, déi wahrscheinlech net ze geréieren wieren.

Loading audio...

Wat Italien betrëfft an déi wirtschaftlech Konsequenzen déi d’ Land op Europa kéint bewierken huet de Jean Asselborn gemengt dass et schrecklech wier, wann den Silvio Berlusconi ënner Ëmstänn wierklech nees sollt Premier ginn.

Lauschtert hei de Reportage aus der Morningshow XL :

Loading audio...