Finanzen: Partystëmmung op de Boursen

08.03.2013, 10:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 10:40

Wat ass nëmme lass op de Boursen? Zanter Deeg geet et... biergop.

© AFP

Op de Bourse geet et zanter Deeg biergop!! Zu Frankfurt ass den Dax haut éischte Kéier zanter 5 Joer iwwer 8000 Punkte geklommen. Och zu Tokyo wor Partystëmmung: De Nikkei ass iwwer 12.000 Punkte geklommen, also iwwer de Wärt virun der Finanzkris. An op der Wall Street huet den Down Jones fir den drëtten Dag hannereneen Rekorder erreecht.

D’Ursaach fir dësen Optimismus: Et gëtt spekuléiert, dass d‘Zentralbanke Milliarde Finanzsprëtze ginn, an dofir kafen d’Investeren Aktien ewéi wëll - esou d'Erklärung vun Analysten.