Wunnengsmaart : Präiser klammen, mee net méi esou staark
08.03.2013, 11:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 11:26
D’Präiser um Wunnengsmaart si weider no uewen evoluéiert mä leien nach ëmmer ënnert dem Niveau vun zejoert. D’Loyeren vu Haiser goungen erof.

Am leschten Trimester 2012 sinn déi meescht Wunnengspräisser geklommen: +0,86% fir een Haus ze kafen; +0,57% fir d’Appartement’s-Venten. Am Verglach mam Joer virdrun, sinn déi Präiser awer tëscht engem an annerhallwe Prozent méi niddreg.
Bei de Loyeren goufen d’Haiser méi bëlleg – ëm 1,7%. D’Appartement’s-Loyeren si liicht geklommen, ëm 0,8%. Allgemeng leien d‘Loyers-Präiser och nach wäit vum Niveau vun 2011.
E weider Constat vum Observatoire de l’habitat: D’Annonce fir d’Venten a Locatiounen bleiwe méi laang um Marché. Dat heescht, d’Leit kafe a léinen net méi esou séier.




