Assurance Bedruch: 2 Handye "geklaut"... an awer net.
08.03.2013, 11:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 11:39
E Mann, dee sot hien hätt zwee Handye geklaut kritt, krut zwee neier vum Provider - déi zwee "geklauten" Handyen goufen awer guer net geklaut...

D'Police huet awer elo erausfonnt, dass déi Handye guer net geklaut goufen an déi ganz Zäit weider benotzt goufen. Beim "Affer" gouf, op Uerder vum Untersuchungsriichter, d'Haus duerchsicht. Déi zwee "geklauten" Handye goufen do fonnt. De Mann huet zouginn, dass déi zwee Handyen ni geklaut an och déi ganzen Zäit weider benotzt goufen. De Mann hat ee vun den Handyen verschenkt.
Hie gouf elo protokolléiert wéint Assurance Bedruch a flaschen Alarm. Hie riskéiert héich Strofen, esou d'Police.




