Esch: Mann op Supermarché Parking verhaft

08.03.2013, 12:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 12:19

D'Police huet e Mann vun 42 Joer verhaft deen um Parking vun engem Supermarché a sengem Auto gréisser Quantitéiten Drogen an eng verbuede Waff bei sech hat

© Eldoradio

Zu Esch huet d’Police gëschter e Mann verhaft wéint Drogen a Waffebesëtz. Hien hat gréisser Quantitéite vun Heroin a Suen an och eng Waffe a sengem Auto. Beim Mann doheem goufe weider Drogen, Suen a Sim Kaarte fonnt. De Mann gouf op Schraasseg an de Prisong bruecht.