Gesondheetstrend: Kee Sex méi mat Fleesch-Iesserten

26.02.2013, 04:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.02.2013, 07:46

Gesond liewen, gesond sinn. Et gëtt den Ament näischt wat méi trendy ass wéi sech gesond ernähren. Fast Food ass out.

© AFP
Op jiddwer Fall mol bei den „Health Snobs“. Eng nei Bezeechnung fir Leit déi hire Liewens-Mëttelpunkt op „Gesond Ernährung“ an „Gesond Liewen“ fixéieren. Wien net gesond lieft gëtt vun den „Health Snobs“ ausgegrenzt.

Moies gëtt et en „Green Smoothie“. Dee soll de Kierper vu bannen propper maachen. Am Smoothie ass nieft Kiwi an Zellerie och Spinat. Gemixt duerf dat Ganzt just mat engem speziellem Mixer ginn. Bestallt um Online-Gesondheets-Site. De Porsche 911 GT2 ënnert de Mixer. Nëmme sou kënnt een un de wäertvolle Chlorophyll. D’Planzeblutt wat d’mënschlech Zellen jonk, schéin, knackeg a virun allem kärgesond mëscht.

Mëttes gëtt et e Strauch Péiterséileg mat frëschem Geméis. Keen Geméis aus engem Glas natierlech. Frësch vum Maart! Wann iwwerhaapt Schokela, dann awer Zocker-, Gluten a Mëllesch- fräien! Wäin ass Tabu. Bis op Biowäin.

Owes dann eppes waarmes. An der Pan nees just gesond, biologesch Produiten. D’Thonszalot huet natierlech kee Fësch dran, dofir awer ageweechte Blummekäeren déi mam neien Porsche-Mixer zerklengert goufen.

An dono? Sex mat Fleesch-Iesser ass Tabu. An Forume geet dovunner riets dass via Sex méiglecherweis eng Portioun Tartar an de grénge Buttkreeslaf gelaange kéint.  Dowéinst de gréngen Tipp: Make Juicen not love. Op de grénge Smoothie...