D'Fréijoers-Sonn mëscht ons glécklech. De Beweis!

05.03.2013, 06:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.03.2013, 06:19

Mat der éischter Fréijoerssonn geet di gutt Laun an d’Luucht.

© afp
Am mënschleche Kierper gëtt duerch Sonneliicht eng ganz Rei vu Prozesser ugestouss. Et befënnt een sech souzesoen an Opbrochstëmmung. Verantwortlech dofir ass virun allem den Ultra-Violetten-Deel an der Sonn. Duch dësen forméiert sech an der Haut bis zu 95% vum Besoin un Vitamin-D3. Bei Kanner beaflosst et d’Wuesstem vu Schanken an Zänn. Nieft der positiver Wierkung op ons’t Immunsystem sinn mir och vill manner gestresst.

D’Gehir produzéiert méi Serotonin, d’Gléckshormon. Dat wierkt sech positiv op ons Grondstëmmung, onsen Optimismus awer och ons Sexualtrib-Verhaalen aus. Mir hunn einfach nees méi Loscht. Méi Loscht op alles. An deem Sënn.

Endlech nees sonneg ... :)