Endlech Summer, an dann ass et nees ze warem

06.03.2013, 06:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.03.2013, 10:56

Fir all déi di de Summer net erwaarde kënnen...en huet och seng negativ Säiten...

© afp

Loading audio...


Summer. Freet dir Iech net och op de Summer. Et gëtt mol nees Zäit fir 30 Grad am Schiet.

Zäit fir ze schweessen. Bei 30 Grad. A méi. Feelt Iech dat net och. Wiederprevisiounen. Warem warem an nach eng Kéier warem.

Ären Aarbechtskolleg schéngt sech och Moies net geduscht ze hunn. Mä firwat och? D’Klima am Betrib ass souwisou futti a bei 30 Grad kënnt et op e puer Schweesspärelen méi oder manner och net méi un? Hutt dir dat net och vermësst. Schonn kuerz nom Verloossen vum Haus ze spieren dass den Deo noléisst? An bei gudden 35 Grad a praller Sonn op der Areler A6 am Stau ze stoen? D’Waasser schéin warem am Auto ze warem  fir ze drénken an Duuscht ze hunn?

Dat eenzegt wat dann nach feelt ass en Donnerwieder. Sou e schéint Summerdonnerwieder wou alles iwwerschwemmt gëtt oder duerch den Stuerm fortfléie. Mä dozou méi an enger anerer Episod vun

EEEENDLECH SUMMER