Test: Bëlleg Tablets sinn deelweis liewensgeféierlech

07.03.2013, 04:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.03.2013, 05:58

Sinn gënschteg Tablet wierklech gutt Offeren oder einfach nëmme bëlleg? Computer Bild huet elo Modeller mat groussem Bildschierm ënner 250 Euro getest.

© AFP

E gudden Android Tablet mat groussem Schierm fir ënner 200 Euro? Kléngt fir d’éischt mol ganz gutt. Wat di Dénger daachen ass oft allerdings ënnerierdesch. Sou den aktuellen Test vun der däitscher Fach-Zeitung Computer Bild. Verglach huet een all Kéiers mam duebel sou alen Samsung Galaxy Tab, mëttlerweil schonn iwwert e Joer al

Fazit no den Tester: Keent vun de Bëlleggeräter ass och nëmmen unnähernd un de Markeprodukt erukomm. Bei praktesch allen Tester hunn d’Vergläichswäerter méi schlecht ofgeschnidden. Siew et an der Veraarbechtung-, Bild, Toun oder Bedéngtechnik. Zwar kann ee gutt surfen, mä dat ass awer och schonn dat eenzegt.

Et kënnt allerdings nach méi schlëmm. Bei gleich 2 Tableten dréien wéinst schlecht konstruéierter Opluedgeräter liewensgeféierlech elektresch Schléi.

LINK: Communiqué vu Computer-Bild

LINK: Site vu Computer-Bild