Liëwensretter: Defibrillator mat fräiem Zougang

06.03.2013, 12:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.03.2013, 12:12

An ëmmer méi Gemengen fënnt een hautdesdaags fräi zougänglech Defibrillatoren , déi am Fall vun engem Häerzstëllstand Liewen kënnen retten...

D’ Doudesursaach Nummer 1 hei zu Lëtzebuerg ass net wéi een kéint mengen Kriibs, mä Häerzversoen. Een Drëttel vun allen Doudesfäll ass dorobber zeréck-ze-féieren.

All Dag kritt op mannst eng Persoun hei am Land en Häerzstëllstand ausserhalb vun enger Klinik. Ouni direkt Reanimatioun stierwen dovunner  97 %.

En Defibrillator kann an munchen Fäll awer Liewen retten. Déi kleng Këscht mat där een sou-ze-soen en Elektroschock kritt hänkt ewell op villen Plazen am Land an ass fräi zougänglech.

Eng vun den éischten Gemengen déi där Apparater agefouert haten war d‘ Gemeng Diddeleng.

De Joël huet sech mol mam Responsabelen iwwert d‘ Virdeeler vun deenen Bornen ënnerhalen :

Loading audio...

© reagis.lu