Multi-Kulti Lëtzebuerg. Klappt dat ?
17.04.2012, 11:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.01.2013, 14:34 | 0 Commentaire(n)

Haut um Donneschden den 19. Abrëll ass den „Tolerance Day“ op Eldoradio. D’Redaktioun ass dowéinst eraus gaangen bei hier Nolauschterer fir op den verschiddensten Platzen ze kucken wei d’Zesummeliewen a Schaffen funktionéiert - oder net funktionéiert. Mir waren a Jugendhaiser, um Park&Ride, beim Affekot, der Chamber, beim Historiker, am Internet, op d’Geriicht an an d’Musek-Proufsäll.
Lauschtert hei nach eng Kéier all d'Reportagen zum Tolerance-Day:Firwat gëtt et den Tolerance-Day op Eldoradio? Wei schätzen sech d'Lëtzebuerger selwer an gëtt et ëmmer méi Auslänner déi zu Lëtzebuerg fir Strofdoten responsabel sinn? Äntwerten an der Morningshow XL:
Eise Reporter Raoul war mam Mikro ënnerwee an huet probéiert erauszefannen wat déi Jonk zum Thema Toleranz ze soen hunn. Hu si schonn Intoleranz erlieft? Si si selwer tolerant? Betrëfft dat Thema si iwwerhaapt? Am Jugendhaus River a Clausen krut hien folgend Äntwerten:
You need Flash to view this content
All Dag kommen ronn 150.000 Frontalier'en op Lëtzebuerg fir hei ze schaffen an hieren Dag hei ze verbréngen. Eise Reporter Raoul stoung Moies ganz frei am Reen um P&R an huet probéiert erauszefannen wat d'Frontalier'en vu Lëtzebuerg halen a wéi si sech hei empfaange fillen:
You need Flash to view this content
Och an der Musik gëtt d’Thema „Toleranz“ behandelt. Mat Hëllef vu Nouten an Texter kann een besonnesch gutt kriddleg Themen uschwätzen – Ënnerdréckung vu Schwaachen, sozial Mëssstänn déi fir Onroue suergen, verfollegt Randgruppen, ongerecht Decisiounen an der Weltpolitik, alles Themen déi couragéiert Artisten dozou bruecht hu, Lidder ze schreiwen:
You need Flash to view this content
Eng Plaatz wou Toleranz vun villen jo dacks serieux op d’ Prouf gesat gëtt ass den Internet, an méi speziell de Facebook. Ëmmer nees liest een grad do jo Commentairen, déi ganz no un Rassismus Grenzen. Bis wouhinner sinn Commentairen um sozialen Netzwierk dann legal, spréch, wéini kann een sech mat wéi engen Aussoen strofbar maachen?! Doriwwer huet sech de Joël mat engem Affekot, dem Maître Thierry Reisch ënnerhalen...
You need Flash to view this content
Wei gesäit d'Politik d'Problematik em Rassismus zu Lëtzebuerg? Wat gëtt dergéint gemaach? Besteet d'Gefor dass nationalistesch Parteien opkommen?
You need Flash to view this content
Mee ass Rassismus an Friemefeindlechkeet iwwerhaapt e neien Phänomen zu Lëtzebuerg? Nee, seet den Historiker an Expert Lucien Blau am Gespréich mam Paul. Zu Lëtzebuerg gouf et och schon virun 100 Joer en Haass op d'Auslänner an d'Argumenter hu kaum changéiert...
You need Flash to view this content
Wëll d'Toleranz e wichtegt Thema ass, fillen och vill Prominenter sech betraff an ënnerstëtzen den Tolerance Day op Eldoradio. Lauschtert hei hier Messagen:
Jacques Santer, Éierestaatsminister:
You need Flash to view this content
David Fluit, Museker bei De Läb:
You need Flash to view this content
Serge Tonnar, Artist:
You need Flash to view this content
Olivier Catani, Tëlés-Presentateur:
You need Flash to view this content
Gusty Bausch, Sportler:
You need Flash to view this content
David Goldrake, Illusionnist:
You need Flash to view this content
Paul Hammelmann, Affekot:
You need Flash to view this content
0 Commentaire(n) - Gidd Äre Commentaire hei of!

Äre Commentaire